ISBN 978-2-919791-97-2
A sengen humorvolle Kandheetserënnerunge léisst den Emil Angel déi Joren opliewen, wou hien, als klenge Bouf, sech no an no a senger Noperschaft kënneg mécht. Hien ass schonn als Kand un allem interesséiert, wat an der Strooss geschitt a bréngt et elo am Réckbléck fäerdeg, dem Lieser a senge klengen Erzielungen d’Leit an d’Liewe vun deemools – et geet ëm d’Zäit nom Zweete Weltkrich – plastesch virun Aen ze féieren.
Villes huet sech zënterhier geännert, mä d’Leit an hirer Freed souwéi an hirem Leed si gréisstendeels déiselwecht bliwwen.