Aus dem Duerf

17,00  TTC

ISBN 978-2-919818-40-2

Liewensgeschichten

Dëst Buch ass en Temoignage vun 12 Liewensgeschichten.
12 Liewensgeschichten aus verschiddenen Dierfer tëschent Miersch a Stengefort.
Verschidde Leit, all gebuere virun 1950, hu mat eis hir Liewenserfarungen, hir Weisheeten, Emotiounen an Erënnerunge gedeelt.
D’Geschichten, déi Dir an dësem Buch fannt, sinn e Resultat vun opmierksamem Nolauschteren an Noerziele vun 3 Schrëftsteller: Marie-Paule Greisch, Marc Bonert a Jean Nehrenhausen.
Mat hinne kënne mir dës Geschichten erëm erliewen a jiddereen erzielt se op seng Aart a Weis.