Nancy Keller & Zoé Thill: Wann ech net schlofe kann …hëlleft mir vläicht dës Geschicht
18,00 € TTC
ISBN 978-2-919818-36-5
Wann d’Ae wärend der Nuecht net wëllen zou bleiwen, hëllefe vläicht eng Deckelsmouk an en Uhu weider…
Eng léif Geschicht zu engem Thema dat all d’Kanner an och all d’Eltere betrëfft.
D’Nancy huet 2012 op der Uni Lëtzebuerg de Bachelor ofgeschloss. Hatt schafft säitdeem als Léierin zu Schëffleng an engem Cycle 4, nodeems et an den LGE an zu Kayl an d’Schoul gaangen ass. Als kleng Ofwiesslung zum Alldag mat de Kanner betreit hatt Leit, déi grad ‚frësch‘ an de Beruff gestart sinn.
D’Zoé huet 2011 an der Belsch säi Bachelor als Spillschoulsléierin fäerdeg gemaach, nodeems hatt zu Zolwer an der Primärschoul war an am LGE d’Première op der Konschtsektioun ofgeschloss huet. Hatt schafft dann och als Léierin an engem Cycle 1 zu Kayl.